Wer flüchtet schon freiwillig – vum Katja Kipping

Seit dem éischten Februar ass der däitscher Politikerin vun “die Linke”, dem Katja Kipping säi Buch “Wer flüchtet schon freiwillig” um Maart. Wien d’Aktualitéit déisäits der Musel ee besseli verfollegt wees dat esou wuel d’Bierger ewéi d’Politiker es net midd ginn sech met dësem däeregen Thema ze beschäftegen.

D’Stëmmung ass well net déi bescht an gleeft een der aktueller Stëmmung sinn wäit iwert 50% vun eise däitsche Nopperen vir eng Uewergrenz vir d’Flüchtlenge an ee Schléisse vun de Grenzen. De Rietspopulismus huet Opwand a besonnesch esou Formatiounen wéi Pegida ginn ës net midd mat alle Mëttelen den Haas ze schieren an dat besonnesch an de sozialen Netzwierker oder op hiere meindes “Spazéiergäng”. Richteg Profit um politesche Plang awer maachen derzäit déi “Brong” vun der AfD (Alternative für Deutschland) deene bis zu 12% Stëmmen bei enger Wahl zougestaane ginn.

Wëll d’Lénkspartei a Punkto Kritik un der politescher Haltung vun der grousser Koalitioun vun CDU/CSU & SPD zum Deel Ënnerstëtzung fënnt, ass déi ausféierlech Positionéierung vum Katja Kipping zuer Flüchtlingsproblematik an desem drockfrëschen Buch eben esou interessant.

Am Mëttelpunkt déi zentral These: “Wien vir manner Fluchtuusaachen ass, muss den ekonomeschen Imperialismus esou wéi déi sozial Ongerechtegkéet bekämpfen.” Fakt ass dat esouwuel d’Politik wéi d’Wirtschaft sech hei falsch verhaalen wann se net och aktiv bedéelegt sinn un den sozialen Onrouhen an der Verélendung vu ganze Regioune. Als Beispill dierfe genannt ginn d’Bedéelegunge un Land- a Fëschraub, esou wéi d’Ënnerstëtzung vun politsche Bewegunge déi d’Interessien vun europäesche Firmen stëtzen.

A senger ausféierlecher Argumentatioun deckt d’Katja Kipping d’Verantwortung vir dat globaalt uwuessen vun den Flüchtlingen an Verdriwenen op. D’Migratiounswellen fänken net un de Grenzen vun Europa un, mee do wou d’Konflikter vir Doudangscht suergen. Ee besonnescht Aamierk schenkt d’Auteure den afrikaanesche Länner a verdäitlecht d’Kausalitéit déi hier Usaachen net nëmmen an den hausgemeeten Konflikten vun dëse Regioune léien, mée och an der Handelspolitik vun de westlechen Industriestaaten an hei am besonneschen d’EU. Esou dierf behaapt ginn dat dei vun der EU ugestriewten Handelsoofkommen “Economic Partnership Agreements” (EPA) déi strukturell Oofhängegkeetsverhältnësser verschärfen.

D’Festung Europa mat engem Zonk ze sëcheren an d’Finanzéieren vun Onreechtsstaaten – wéi beispillsweis d’Türkei – dei d’Flüchtlinge sollen dervun oofhalen an Europa anzedrèngen sinn keng Léisung. Villméi ass et noutwenneg déi transnational Zesummenaarbecht ze verdéifen an den Hëllefsorganisatioune déi néideg Mëttel zouzegestoen vir all deene déi der Doud an den Honger aus hirer Heeecht dreiwt bäizestoen.

Am Buch vermëttelt d’Katja Kipping net alleng déi wesentlech Hannergrënn, mee d’Auteure huet och de Mutt zu engem optimisteschen Ausblèck. Mier kënnen Europa aanescht maachen, méi solidaresch, demokratesch an ouni Grenzen. Eppes op jidder Fall ass kloer: esou wéi et am ament ass bleiwt et net. Et gëtt kéen Automatismus. A jo mer kënne verléieren. Mee wann mer näischt maache verléiere mer mat sëcherhéet.

Et ass also un der Zäit sech dem Postkapitalismus ze stellen. D’Alternativ ass d’Fragmentéierung vun der Gesellschaft bis hin zuer organiséierter Barbarei, ergo der permanenter Kriis an dem weltwäiten ökologeschen zesummenbroch.

Dest Buch ass ee wichtegen an fundéierten Beidrag zuer Gesamtdebatt vum Flüchtlingsprobleem. Mier rooden besonnesch all deenen déi stäenneg Zweifel hunn sech dës Lektüre net entgoen ze loossen.

Kipping Buch

208 Säiten – © Westend Verlag GmbH, Franfurt am Main – ISBN 978-3-86489-133-5 – Präis: 16€

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *