Escher Street Festival

vum Paolo Almeida
Fotoen: Martine de Lagardère

Leschte Freideg a Samsdeg wor op an ronderem d’Brillplaatz nawell eppes méi lass. Gaukler, Saltimbanken a Musèker hun sech nees zu Esch getraff fir Jonk a manner Jonk mat enger grousser Offer un diverse Spektakelen ze erfréen.

D'Flütiste vum Brill hun sech fir Méenungsfräihéet an Menscherechter agesaat
D’Flütiste vum Brill hun sech fir Méenungsfräihéet an Menscherechter agesaat

Den Optakt hun d’Flütiste vum Brill geméet, an hire Motto stung ganz am Zeechen vun der „Liberté d’expression en chansons“. Dat ganzt ass ausgaangen vum „Concours jeunes journalistes 2016“, deen den Sujet „Meenungsfäihéet, dat léiert sech“ behandelt huet. Ennert der Leedung vun hire Léierinnen dem Delia an dem Viviane hunn sech d’Schüler vum 3è Cycle einfach emol dei éischt Plaatz an hirer Kategorie gesёchert. Si hun d’Opportunitéit vum ESF genotzt vir mat hire Flüten an themegebonne Lidder op d’Meenungsfräiheet an de Respekt vun de Menscherechter hinzeweisen

De "Calixte de Nigremont", Prenz vun den Aristokraten ass ganz a senger Roll opgaang
De “Calixte de Nigremont”, Prenz vun den Aristokraten ass ganz a senger Roll opgaang

Bei gudd 30 verschidde Gruppen, huet et sech ugebueden ee Conférencier anzelueden deen dem interesséierten Public, au fur et à mesure, déi ёnnerschéedlech Interventiounen ze presentéieren. Wat en exzellenten Choix dat se sech fir dёs Aufgab den „Calixte de Nigremont“ erausgekroopt haaten. Hien ass de Prёnz vun den Aristokraten an verléiert sech net a Banalitéiten, mée ganz am contraire versteet et fir all Viirstellung de richtegen Toun ze treffen. Witzeg an usprochsvoll huet hien fir Kuerzweil an de Pause gesuergt.

Eng furiéis Variant mat engem Sprangséel emzegoen
Eng furiéis Variant mat engem Sprangséel emzegoen

Wann een iech elo hei vun engem Sprangséel erzielt, héiert sech dat schons baal „einfach“ un. Dat wat allerdéngs d’Jongen vun der DDF-Crew dem Public gebueden hun léisst sech nёmmen ganz schwéier beschreiwen. Mir probéiern et trotzdem an mussen soen dat een et baal net vir méiglech hält wat alles mat engem Sprangséel méiglech ass. Eent ass emol sёcher, et muss een nawell zimlech fit sinn, gelenkeg ass och eng primär Viraussetzung an schlussendlech geet et net ouni Rhythmus. Fir all déi wou sech enger âaner Aktivitéit zougewandt hatten, awer elo natiirlech Fiwetzeg gi sinn, dir fannt se och op „Youtube“. Kucke lount sech allemols.

Eng nawell net ganz alldéeglech Metzlerei: d'Boucherie Bacul
Eng nawell net ganz alldéeglech Metzlerei: d’Boucherie Bacul

Mat enger Meschung vun Improtheater an Slapstick huet eng Belsch Koppel iwerzeegt. Den Groupe „Pikz Palace“ huet mat senger „Boucherie Bacul“ mat vill Witz an enger uerdentlecher Moos Ironie den Public bei hire Woon gelakelt. Mee, dir kёnnt iech et virstellen, an dёser Metzlerei ass alles aanescht an Si schaffen demno och net mat Fleesch, mee verschaffen verlôsse Stoofdéieren. Sёcherlech huet dat ganzt ee licht morbiden „Touch“, mee d’Leit hu sech en Eck ewech gelaach an esou muencher een huet och dierfen eng Hand upaaken.

Net wierklech dernierwt awer komplett geckeg, d'Artiste vun "Teatro Necessario"
Net wierklech dernierwt awer komplett geckeg, d’Artiste vun “Teatro Necessario”

An engem ganz âanere Register hu sech d’Artisten vun „Teatro Necessario“ (Italien) mat hirer musékalescher Show „Clown in Liberta“ presentéiert. Et ass och nawell komplizéiert sech festzeléen op et elo ee concert wor dée stänneg vun komeschen Aktioune ёnnerbrach ginn ass, oder op et sech ёm ee Klownespektakel gehandelt huet dée musékalesch ёnnerstёzt gouf. An och si hun de Public kontinuéierlech agebonnen, ganz zuer Fréed vun deene wou „verschount“ blouwe. Et ass, wéi ee gemengerhand géif soen, keen Aan drёche bliwe an dat zourecht.

De Public wor iwerall a beschter Laun an huet den Escher Street Festival a groussen Zich genoss
De Public wor iwerall a beschter Laun an huet den Escher Street Festival a groussen Zich genoss

Am grousse ganze dierf, oder villméi, muss ee festhâale, dat de Public sech vun allem, oche deene Saache vun deene mir elo net berichten kёnne, well dat och ouni Pabeier de Kader vun enger Reportage géif sprengen, matrappen geloos huet. D’Begéeschterung wor grouss, an dat Generatiounsiwergräifend. Laangweil ass guer net opkomm, zu all Zäit wor eppes ze kucken an ze dinn. Wann net grad op enger Bühn en Optrёtt wor, dann sinn lauter kuriéis Gestalten op oder an geckege Maschinen duerch d’Géigend gezierkelt.

Och den Paolo Nani, mat "Jekyll on Ice" huet, wéi dier et hei kennt gesinn, deen een oder âaneren ugelackelt kritt.
Och den Paolo Nani, mat “Jekyll on Ice” huet, wéi dier et hei kennt gesinn, deen een oder âaneren ugelackelt kritt.

Eise „coup de coeur“, wann der erlaabt, géet un d’Compagnie Sergi Estabanell aus Katalonien. Si hun mat groussem kierperlechem Asaatz d’Geschicht vun zwou Damen aus de 50er Joeren „erzielt“ déi an enger Textilfabrik schaffen. Tёschend Fiedem an Bobinnen, am Geroch an dem Kaméidi vun de Maschinen wuessen se an fleschten hiir Liewenswipp. Zwou verschidden geschichten déi sech net trenne lôossen an ee groussen „hommage“ un all d’Frâёn duergestalt huet, déi bei aller Häert vun däer Zäit sech hire Liwensmut nёt zerstéiere geloos hunn.

Mat "Enfila S.A." wor d'Compagnie Sergi Estabanell eise "coup de coeur"
Mat “Enfila S.A.” wor d’Compagnie Sergi Estabanell eise “coup de coeur”

Um Samsdegowend gouf nach eng sёlech Concerten déi d’Offer vum Escher Strôssefestival ôofgerond hun. D’Wieder hat sech nawell och summerlech gewisen, sou dat d’Organisateuren ouni roud am Gesiicht ze ginn, dierfen mat Stolz vun engem gelongenen Festival schwätzen. Eng wonnerbar „carte de visite“ fir d’Minnettemetropole déi sech ugebueden huet 2022 Kulturhaaptstaad ze ginn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *