Schueberfouer 2016: „Work in Progress“

vum Patrick Kleeblatt
Eklegt Wieder an nach vill Aarbecht

Um Glacis, der Plaz vun eisem gréisste Volleksfest, ginn d’Aarbechte mat grousse Schrëtt virun an dat obwuel d’Wieder sech nët wierklech vu sënger beschter Säit presentéiert. D’Restauranten stinn schons zum gréisseren Déel, och wann bei dem engen oder âaneren nach „gefeilt“ gët. D’Manégen hierersäits sinn nach gänzlech an der Bauphas, mée och hei géet et gudd virun.

Schueberfouer 1

D’Schueberfouer ass den traditionelle „Rendez-Vous“ an der Grouss-Regioun a sëllech Forainen a Restaurateuren kommen schons säit Joeren, wann nët zanter Generatiounen fir eis ee puer Wochen laang mat allerlée Divertissementer ze beglécken.

Schueberfouer 2

Während die Eischt sech schons den 10.August un d’Opriichten machen, sou kommen déi grouss Geschäfter eréischt ëm den 14-15 August un. Dat ass verständlech wann ee bedenkt dat si aus ganz Europa ureesen. Beschtens vertrueden sinn d’Forainen aus der Belsch, dem Frankräich an Däitschland, mée och Holland, d’Schwäitz an Éisträich si vertrueden.

D’Schueberfouer eng Sensatioun mat historeschem Ursprong

Et wor de Jang de Blannen, Kinnik vu Béihmen an Grof vun Lëtzebuerg deen den 20. Oktober 1340 d’Schueberfouer gegrënnt huet. Si gët der Traditioun no um Bertelsméisdaag agelaut, och wann dat haut dës Daags aus organisatoreschen Grënn net méi op de 24 August fällt.

Schueberfouer 3

Hire Numm huet d’Schueberfouer, esou zermannst léeden ët d’Experten ôf, vun der Plaz wou de Joermaart am Ufank ofgehalen gouf. Dës Plaz „Schuedburg“ genannt wor um heidegen Helleg-Geescht-Plateau. Mat der Zäit gouf aus „Schuedbuerg“ dun „Schuedmiss“ an schlussendlech „Schuebermëss“. Âner Experten wëlle den Numm aus dem däitsche Wuert „Schober“ ofléeden, deen ee landwirtschaftleche Begrëff ass. Als Schober gouf fréier eng iwwerdaachte Plaz fir Hee a Stréi ze lageren bezeechent.

Bis zur franséicher Revolutioun wor d’Schueberfouer ee grousse Maart zou deem sech en Véihmaart, de Bartelméismaart, ugeschloss huet. Ee Maart mat enger wichteger ekonomescher Roll, wëll hien um Kräizpunkt vun de wichtegen Handelsstroossen geléen wor. Niewt dem Véih woren besonnesch Textiler a Porzelain ee wichtegt Handelsgudd, mech och soss Wueren hunn d’Offer beräichert.

Schueberfouer 4

De Raum um Helleg-Geescht-Plateau wor schnell verbraucht a 1610 gouf d’Schueberfouer op de Lampertsbierg verluecht. Et ass erréicht am 18.Joerhonnert wou sech de Joermaart zu enger “Vergnügungsveranstaltung” gewandelt huet. Konzerten, Spektakelen sinn opgefouert ginn, genee sou wéi Spiller gespillt. Et gouf gedanzt, gespillt, giess a gedronk. 1844 sinn déi éischte Variéten opgetaucht.

Am 20.Joerhonnert koumen d’Riserad an eng Achterbunn derzou. Seithier hunn sech d’Attraktioune mechaniséiert. De Restauranten an den Kreemerchersstänn huet et eng gréisser Klientel verschaaft. D’Leit kommmen weiderhin aus der ganzer Regioun, och wann sech esou zimlech all Lëtzebuerger zermannst een Daag op der Schueberfouer mat Frënn a Famill trëfft.

Schueberfouer 5

D’Schueberfouer 2016 fänkt den 19.August ëm 19 Auer offiziell un.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *