Schueberfouer: Elo ass et gläich esou wäit…

vum Patrick Kleeblatt

Nach éemol schlôfen an dann géet et lass. Muer um Freideg mecht d’Schueberfouer seng Dieren op, ganz offiziel um 17 Auer. Z’iessen an ze drénken dierft awer wéi gewinnt shons ab der Mettegstonn ginn. Wat et besonneges an neies gët gouf en Dënsdeg op enger grouss ugelueten Pressekonferenz matgedeelt

Fouer1

Dräi Wochen Spill a Spass

Fir d’Buergerméeschteg Lydie Polfer ass d’Schueberfouer dat schéinste Fest am Land zou deem all d’Mënschen kommen. „Dëse Charakter ze erhâalen ass ons immens wichteg.“ soot Sie „Dat bedeit dat um Lampertsbierg iwert dräi Wochen eppes méi lass ass.“ Fir dat d’Awunner vum Quartier awer trotzdem roueg schlôfe kënnen sinn déi néideg Mesuren getraff ginn an et de „Kaméidi“ misst sech a Grenzen hâlen.

Fir d'Buergerméeschteg Lydie Polfer ass d'Schueberfouer dat schéinste Fest am Land. / © Indymedia Letzebuerg - 2016
Fir d’Buergerméeschteg Lydie Polfer ass d’Schueberfouer dat schéinste Fest am Land. / © Indymedia Letzebuerg – 2016

Fir d’Forainen ass et ee ganz wichtegen Termin. D’Fouer zitt all Joer gudd zwou millioune Leit un. Natiirlech muss sech do d’Wieder och vu senger beschter Säit weisen. Ma zwou milloune Visiteuren bedeit och eng hellewull Aarbecht fir all d’Service vun der Staad. De Chantgen vum Tram ass allerdéngs kée Problem, do goufen déi néideg Mesuren getraff.

Fir d’Lydie Polfer wor et och wichteg en Appel un d’Visiteuren ze riichten. „Mir hoffen dat sech d’Visiteuren op d’Benotzen vum öffentlechen Transport besënnen“. Deem kann een nëmmen zoustëmmen, besonnesch wou de Bus fir d’Dauer vum Evenement gréissten déels gratis sinn. Mée d’Staad Lëtzebuerg well och dëst Joer nees verstäerkt op Hiygiénemoosnahmen setzen, esou wéi gudd uecht dinn dat och d’Emwelt duerch uerdentlech Sënnerung beispillsweis beim Glass an dem Pabeier, esou wäit wéi méiglech verschount bleiwt.

Eng „App“ an ee gudden Internetsite
De Patrick Goldschmit huet och déi praktesch Broschüre viirgestallt. Ee "guide pratique" deen an all Täsch passt. / © Indymedia Letzebuerg - 2016
De Patrick Goldschmit huet och déi praktesch Broschüre viirgestallt. Ee “guide pratique” deen an all Täsch passt. / © Indymedia Letzebuerg – 2016

Den zoustännegen Schäffen, Patrick Goldschmit, huet sënger Säits op déi verstäerkte Notzung vun de neie Medien higewisen. D’Fouer App ass dräisproocheg an léisst sech individuel personaliséieren. Ee grousse „Plus“ déen de Visiteuren vill Méiglechkéeten bidd, besipillsweis hire Programm, vun de Spiller iwert d’Restauranten, ze organiséieren.

Fir d’nächst Joer awer sinn schon weider Ännerungen geplangt, Sou sollten och Verbesserungen fir d’Leit mat „moblité réduite“ angefouert ginn. Alles un allem eng ganz lieweg „Entreprise“ déi d’Attraktivitéit vun der Schueberfouer sollt um beschtméigleche Niveau hâalen.

De gudde „Mix“ vun neiem a bewäertem

Fir de Marc Weydert vum „Service Foire & Marchés“ ass d’Schueberfouer zanter Eiwegkéeten eng Häerzensugeleegenhéet. Dat dëst Volléksfest och weiderhin jidderengem Fréed beréed, dréit och seng Handschrëft. Sëcherlech huet et wéinst dem Tramschantgen an och wëll sech de Galcis u sech verännert, Emstellungen misste ginn. Et läit eben alles un enger gudder Organisatioun an de Marc konnt an Zesummenaarbecht mat den verschiddenen Servicer an dem „Verstées de Mech“ vun de Forainen alles an déi richteg Bunnen léeden.

Hien léet och héige Wäert drops all Joer nei Attraktiounen op Lëtzebuerg ze bréngen. Dorënner fällt eindeuteg den „Hangover“ ee 85M héigen Tuerm, dée besonnesch Adrenalinsüchteg Gesellen a Gesellinen dierft gefâlen. Och wertvoll, esou de Marc weider, ass d’Präsenz vun der „Live Horror Show“ déi All a Jonk d’Grugelen duerch Muerch a Schank sollt joën.

Weider Néigkéeten sinn eng Kannerachterbunn, en „XD“ Theater, eng erweiderung vum bekannte 3D-Kino. De „Crazy Outback“ ee „Miniquad“ a villes méi, dierften niewend den traditionellen Fouergeschäfter kee Wonsch oplôssen. Ganz grousse Wäert gouf op Attraktioune fir eis „Kleng“ geluecht. Natiirlech gët et eppes fir de groussen an de klengen Honger. Erdiichteren muss och kéen an musékalesch gët och muenches gebueden.

An iert mer ët vergiessen, d’Kräemerchersstänn an der Allée Schaeffer dierften och eou muench Besonngekéeten beréed hâlen. Do ass fir Jidereen eppes derbäi. Fir d’Kanner, d’Mammen an och d’Pappen. Déi „Akaafspassage“ ass liicht verännert, mée och do huet de Marc gudd uecht ginn dat et esou mann wéi méiglech gedrécks gët. Et gët der eben nach déi sech Gedanken Maachen an nët alléng op d’Erfaarung verlôssen.

Notzt den öffentlechen Transport

D’Aufgab vum „Service de la Circulation“ ënnert der Léedung vum Romain Pax ass wäitméiglechst d’Zesummeliewen vun den Awunner, de Forainen an de Visiteuren ze gestalten. Et goufe sëllech Arrêten fir Leit mat „mobilité réduite“ agebaut, diverse Busarrêten an ee grousszügege Parking fir Motocycletten a Veloën ugeluecht.

D’Visiteuren sinn allerdéngs gudd berôden net mamm éegenen Auto op an bei de Glacis ze kommen. D’Parken gët och dëst Joer nées konsequent a streng kontrolléiert. Dat kann déier ginn an et sollt éen sech et zwee mol iwerléen op net dach besser ass d’gratis Navetten vun de villen Park & Ride Méiglechkéeten ze notzen.

De Gilles Peters léet dann och grousse Wäert drops ze ënnersträchen dat all d’Busser an der Staad vun 18 Auer uns (Samsdegs schons ab 13 Auer) gratis sinn. Vum P&R Bouillon aus fiert och ee „Rollibus“. An der Staad sinn dann nach ee sëllech Busser bis spéid an d’Nuecht ëennerwée déi d’Quartieren zervéiren. Natiirlech fonktionéiert of der „Rufbus“ bis Mëtternuecht.

Fir all déi Interesséiert wou vun „ausserhalb“ kommen sierf dann och op den RGTR-Service higewisen. Eng sëllech Busser sinn de Garant dat baal all Duerf oder gréisser Gemeng an béid Richtungen uerdentlech bedéngt ginn. Do kann ee sech dann niewt dem „Gebâcke Fësch“ dann och ee gudde Patt gönnen. Also stressfräi a gesond op d’Fouer an nees Heem ass déi intelligent Léisung, macht mat.

Am Asâtz fir de Fridden an d’Sëcherhéet

De René Lindenlaub, eise „Commissaire de Police Divisionnaire“ ass sech bewosst dat et och dräi ustrengend Wochen wäerten ginn. Allerdéngs ass hien zouversichtlech: „Mier sinn gudd opgestallt an schaffen engk zesummen mat eise Kollegen aus dem Ausland“. An tatsächlech ass et ewell Traditioun dat Beamten aus der Belsch, Frankräich an Däitschland mat eise Polizisten als „équipe mixte“ op der Schueberfouer fir Sëcherhéet suergen.

D’Kommissariat um Glacis ass dann och fir d’Dauer vun der Schueberfouer de „Commissariat de Proximité“ vum Lampertsbierg an dowéinst och moies fir d’Awunner zougänglech. Wichteg ass nach drops hinzeweisen dat d’Zougäng zuer Fouerplatz physech ôfgesëchert sinn. Dat gehéiert an dësen Zäiten einfach zou den Basissëcherhéetsiwerléungen derzou. Wéi all Joer léet d’Police och grousse Wäert op d’Sëcherhéet vun eise Kanner.

D’Elteren sollen sech hier d’Bändchen siche kommen, wou dann den Telefon drop stoen kënnt, an wann dann wierklech emol ee „Bambini“ vun Pappa a Mamm getrennt gët, jo dann sinn se schnell nees allzesumme bruecht.

Dat lescht Wuert hun d’Forainen

De Roger Pelzer, President vun der AECF (Association Europénne des Commerçants-Forains asbl) huet der Staad dann zu gudder lescht fir déi gudd Zesummenabrecht „merci“ gesoot. Et gouf wuel Diskusssiounen wëll der vill gefârt hâten dat ët manner Platz géif ginn. Eng Angscht déi sech nët bestäetegt huet an esou dierf vu gudder Stëmmung ënnert de Forainen geschwaat gin.

Wäerend am Ausland déi grouss Kiirmessen dëst Joer ee liichten Réckgang vun de Visiteurszuelen hu missten feststellen, dat och wéinst der Angscht vrun Uschléi, sou ass de Roger Pelzer awer zouversiichtlech dat dëest zu Lëtzebuerg dierft âanescht sinn. D’Forainen and d’Restauranten sinn jidderfalls prett, wënschen sech natiirlech gudd Wieder an wäerten wéi gewinnt alles dru setzen dat der gudder Laun kéen Hoer gekrëmmt gët.

Fir de gudden Zweck
© Ha Dang Nguyen
© Ha Dang Nguyen

Schons fir déi 6.Kéier bidd Staad Lëtzebuerg an Zesummenarbecht mat „Bernard-Massard“ eng „Cuvée spéciale“ un. Zanter 2011 huet dës Aktioun ee grousse succès. Eng „Edition Limitée“ mat 1.500 Fläschen, op déenen d’Bild vum Ha Dang Nguyen als „Etikett“ ubreucht ass. Eng Fläsch Crémant also, déi nët nëmmen duerch hiren Inhalt bestëcht, méi déi och nach wann se eidel ass ee ganz schéine Souvenir dierft sinn.

Fir all verkâafte Fläsch spend Bernard-Massard 50 Cent fir eng gudd Saach. Dëst Joer geet den Erléis un „Back to Sport“ asbl. Dës Verénegung regroupéiert Mënschen mat engem physeschen Handikäp an hëlleft hinnen iwert sportlech Aktivitéiten hier Limiten ze iwertreffen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *