Op der Schueberfouer ass eng méi lass…

vum Patrick Kleeblatt

Schons an der Mëttegstonn hun sech leschte Freideg, déi éischt Visiteuren op op de Wée gemeet Richtung Fouerplatz. Getraff gët sech traditiounsgerecht beim „Gringe Spill“, de Bofferdings-Stand direkt hannert der Hâaptentrée. An de Restauranten wor nach verhältnëessméisseg roueg, d’Fittebuden haaten awer méi zoulâaf, wat sëecherlech der kuerzer Mëttegpaus geschëllt as. Och déi éischt Pangescher a Gaufren hun muench Gourmang zefridde gestallt.

676è Schueberfouer Glacis Luxembourg- Limpertsberg 19 août 2016

Ab zwou Auer hun d’Attraktioune hîre Betriib opgeholl. D’Sonn wor allerdéngs gudd verstoppt hannert enger Wolléksdecken. Kée Grond sech vun engem éischten Bléck op d’Neiegkéeten ôofhâalen ze lôssen. Lues a lues huet sech de Glacis gefëllt, op de Kréimerchersstänn hun all déi wou eppes firzeféieren hunn sech mat leschte „Prouwen“ op den gewinnten Ustuerm firberéed.

"Trolls" eng flott Neiegkéet. Macht ierch äer Täsch aus enger bis zu 3 Meter laanger Tirett
“Tirolls” eng flott Neiegkéet. Macht ierch äer Täsch aus enger bis zu 3 Meter laanger Tirett

D’Schéissbuden an Lotteriesstänn woren am fréie Nomëtteg nach nët Bléckfang vun den éischten Fouergänger. Dat sollt sech dann awer no der offizieller Ouverture hueteg änneren. Dës Forainen kennen dat an hun et och lues ugoen gelôss.

Traditionell an beléiwt, d'Schéisbudd...
Traditionell an beléiwt, d’Schéisbudd…

Méi zoulâaf haaten d’Attraktioune fir Kanner. Mini-Achterbunn, Géeschterhaus an de neien „Crazy-Outback“ hun hier Klientel schnell fonnt. D’Begéeschterung huert sech dann och an de Gesîchter ôfliesen gelôss. D’Pappen an d’Mammen woren gudd beschäftegt wëll et koum een nach iwerall gudd bäi. Do gouf et kée Grond eng Paus ze maan an de Nowues huet entspriechend Gaas ginn.

676è Schueberfouer Glacis Luxembourg- Limpertsberg 19 août 2016Um 17 Auer dann awer wor et esouwäit. Ee Menschenoplâaf bei der Hâaptentrée huet et ugekëennegt. Nach brav op d’Buergermeeschteg gewâart an den offiziellen Déel konnt an ugrëff geholl ginn. De Marc Weydert haat kräempes all déi wichteg a manner wichteg „Honoratioren“ ze zortéieren. Ee sëlleche Fotografen stunge eng gedrongen beienéen fir nëemme näischt ze verpassen. An dunn endelech, huet d’Lydie Polfer d’Bändchen met der gëlle Scheier duerchgeschnidden.

Opmierksam vum Colette Flesch verfollegt. D'Buergerméeschteg, Lydie Polfer zelebréiert d'Ouverture vun der 676er Schueberfouer.
Opmierksam vum Colette Flesch verfollegt. D’Buergerméeschteg, Lydie Polfer zelebréiert d’Ouverture vun der 676er Schueberfouer.

Am Klang vum Hämmelsmarsch ass dunn den Tross vu Politiker, Reporteren an Delegatiounen iwert d’Fouerplatz gezunn. Déi méescht fir sech ze weisen, déi âner an der Hoffnung ee besonnescht Bild anzefänken. Natiirlech sinn och Attraktiounen ausprobéiert ginn an een Tour um Riiserad ass souwisou Pflicht. Den Eierentour gouf mat enger Rezeptioun an der Hâm ôfgeschloss.

676è Schueberfouer Glacis Luxembourg- Limpertsberg 19 août 2016Et gouf däischter an déi 676.Editoun vun der Schueberfouer wor lancéiert. Emmer méi Leit hun sech afonnt. Am Schäin vu de sëllege Luchten a siichtlech beandrockt hun sech d’Visiteuren duerch déi grousszügeg gestaaltet Gâssen hîre Wée vun Attraktioun zu Attraktioun gesicht.

676è Schueberfouer Glacis Luxembourg- Limpertsberg 19 août 2016Wien sech nach nët de Bauch vollgeschloen hât an och soss stramm Nerven huet, huet sech regelkonform duerchrësselen gelôss. Op éen sech wollt vu 85 Meter héischt „erôffâlen“, op engem Kättenkarrousell an dronkeneregender Vitess emol esou richteg de Wand duerch d’Hoer blôsen lôssen oder einfach nëmmen de klengen Adrenalinkick gesischt huet, alles wor méiglech.

676è Schueberfouer Glacis Luxembourg- Limpertsberg 19 août 2016Nierwt den Attraktiounen sinn natiirlech och déi sëllech Chaléten Treffpunkt fir alles wat a Feierlaun wor. Am „Stall“ ass musékalesches gebueden ginn, live awer am Play-Back. Eppes méi roueg wor et an de Restauranten. Do konnt beim gudde Maufel och geschnësst ginn. Bis zu spéider Stonn wor also richteg eng Lass. Hei nach eng Tuut Nugat matgeholl, do nach eng Glace genoss an firwaat och nët, zu gudder Lescht nach de leschte Patt geholl.

676è SchueberfouerGlacisLuxembourg- Limpertsberg19 août 2016

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *