Schueberfouer: D’Forainen hun d’Wuert

vum Patrick Kleeblatt

Traditiounsgemäss huet de President vum Verband vun de Forainen (AECF) och dëst Joer nees d’Presse invitéiert fir op muenches anzegôen, wât bei der Masse vun Informatiounen, déi ulësslech der Pressekonferenz virun der Ouverture, gären ze kuerz kënnt.

De Roger Pelzer huet dann och seng Konferenz mat der Iwerréechung vun diversen Don’en un déi concernéiert Associatiounen ugefângen. 10.000€ hun MSF (Médecins Sans Frontières) an „Îles aux Clowns“ iwerréecht kritt. 3.500€ sinn un d’Roud Kräiz gaangen an nach emol 1.200€ un d’Associatioun „Een Häerz fir Kriibskrank Kanner“.

Mat hîren Don'en weisen d'Forainen och dat sozial Verantwortung hinnen wichteg ass.
Mat hîren Don’en weisen d’Forainen och dat sozial Verantwortung hinnen wichteg ass.
Nach net de groussen Undrang
De President vun der AECF, Roger Pelzer, am Interview mat de Kollégen vun der RTBF
De President vun der AECF, Roger Pelzer, am Interview mat de Kollégen vun der RTBF

An sengem Réckbléck op den éischte Weekend, huet de Roger Pelzer misse feststellen dat wuel um Freideg déi erwâarten Visiteuren sech op der Fouerplatz afonnt haaten. Leider wor en et der op ee Samsdeg an um Sonndeg zolid manner wéi am leschte Joer. Dat erkläert sech engersäits duerch de Fait datt d’Schueberfouer dëst Joer schons mëtt August seng Dieren opgeméet huet an esou muench Interesséierten nach séng verdingten Vakanz genéisst.

Ânersäits huet et sech erginn datt zäitgläich bei eise Nôperen d’Mirabellen Fest ugefaangen huet. D’Forainen bleiwen awer zouversichtlech datt sech dat ganzt an den nächsten Déeg wäert verdéelen. Wat déi puer Wolléken iwert der Staad ugéet, sou huet den Roger Pelzer mat déenen kée Problem. Wiederméisseg wier alles an der Réi. „Net ze waarm an net ze kaal, fir eis sinn dat gudd Konditiounen“ soot de President an huet awer dorops higewîsen dat et am Lâaf vun der Woch nach vill sonneg Momenter wäert ginn.

Hien huet dann ôofschléissend nach op déi wichteg Datumer vun dëser 676er Editioun higewîsen:

- Dënsdeg 23.August: ab 17 Auer ass Buergermeeschterdaag. Déi Dammen an Hären aus 28 Gemengen servéieren wéi gewinnt an de sëlleche Restauranten vun der Schueberfouer. Erschreckt also net wann op eemol ee Buergermeeschter oder eng Buergemeeschtech op ärem Dech d'Bestellung ophëllt an ierch se och bréngt.

- Mëttwoch 24.August: den ganzen Daag ass „Familjendaag“. Do ginn wéi gewinnt d'Präiser vun den Attraktiounen eppes reduzéiert. Et soll jo ëmmerhin jidderéen vun der Fouer profitéieren dierfen.

- Donnegdeg 25.August: ab 17 Auer Kiniginnendaag. Och dat ée Rendez-vous déen Traditioun huet. D'Lëtzebuerger Wäinkiniginnen besichen d'Schueberfouer an kommen och wuel net mat eidelen Hänn.

- Dënsdeg 30.August: Daag vun der Solidaritéit

- Freideg 2.September: um 11 Auer ass d'Mass vun de Forainen an der Kapell um Glacis

- Sonndeg 4.September: Fouersonndeg

- Mëttwoch 7.September: um leschten Fouerdaag ass vun 11 bis 20 Auer alles zum halwen Präis. Net ze verpassen um 22 Auer d'Fréedefeier op der Bréck „Groussherzogin Charlotte“

Fir Nuetseilen hei nach d'Datumer vun de „Fräi Nuechten“: 26 & 27.August – 2 & 3.September
2017 ass manner Platz

De Schäffen vun der Staad, de Patrick Goldschmit, huet sëngersäits missen dorops hiweisen datt et 2017 ongeféier 4.000 m² manner Fläch fir d’Schueberfouer wäert zu Verfügung stoen. Dat ass dem Tram geschëllt, déen jo ee gudde Baatz vun der Allée Scheffer an usproch hëllt. Hien ass awer zouversiichtlech datt mat enger intelligenter Opdéelung villes wäert ze retten sinn. Trotzdéem wäerten déi eng oder âner Attraktioun, mée sëcherlech och ee puer Restauranten „verluer“ goen.

Gefrôt ginn op éen net éventuell kéint dat aalt Gebéi (den Centre des Langues) um Enn vun der Fouerplatz einfach dem Buedem gläich maachen an esou déi verlueren Platz nées zeréckgewannen, huet den Patrick Goldschmit missen dorops hiweisen, datt dëst Gebei net der Staad Lëtzebuerg, mée dem Staat gehéiert. Hien wëll dës Propose awer der Buergermeeschtesch weiderginn.

Déi gudd Séil vun der Schueberfouer: de Marc Weydert. Zolid Nerven an Gedold sinn op sénger Platz déi gréissten Atouten.
Déi gudd Séil vun der Schueberfouer: de Marc Weydert. Zolid Nerven an Gedold sinn op sénger Platz déi gréissten Atouten.

Fir de Marc Weydert géet et am Moment drëms dës Editioun proper iwert d’Bühn ze kréien. Hien wées natiirlech och dat et all 5 bis 6 Joer wéinst dem Datum eppes méi Lues ugéet. Dat ass awer gewosst. Natiirlech wéinst de Congéen, mée och déels der Tatsaach geschold datt et nach keng Paie ginn huet, sinn am Moment d’Attaraktiounen an d’Restauranten net wierklech ausgelaascht.

D’Wiederkonditiounen maachen dem Chef vum „Service Foires et Marchés“ allerdéngs kéen Kappzerbrieches. Sou laang wéi et dreschen bleiwt, dierf et och déi eng oder âner Wollék um Himmel ginn. Vill méi ass et wichteg ze ernimmen datt alles ronderëm d’Sëcherhéet gemach ginn ass wat noutwënneg ass. D’Spiller sinn kontrolléiert, d’Securité Alimentaire këmmert sech datt an de Restauranten an sonsteg Fudderkrëppen alles seng Uerdnung huet an d’Police passt op datt d’Briganden kée Schued urîichten.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *