D’Fouermass an der Kapell um Glacis

vum Patrick Kleeblatt

Zermanst esou traditionell wéi d’Fouer selwer ass d’Mass déi all Joer de Forainen zou Éieren an der Kapell, direkt nierwt der Fouerplatz, um Glacis ôfgehâlen get. Ee Gottesdengscht déen eng grouss Bedeitung huet. Fir dëss Mass kritt de Paschtouer Patrick Muller ëmmer groussen Besuch aus dem Ausland and och de Paschtouer aus de Katédrâl wor dëst Joer derbäi.

OLYMPUS DIGITAL CAMERAEt vestéed sech dat op ee sou engem Daag och de Roger Pelzer, President vun der AECF (Association Europénne des Commerçants-Forains asbl) sech am Sonndes-Kostüm mat sengen Frënn a Kollegen zäiteg an der Kapell afannen. Eng grouss Käerz zu éiren vun den Forainen huet dann och hier gesonnert Platz nierwt dem Altoer fonnt.

Eng Besonnegkéet wor op dësem Freideg moien allerdéngs och nach ze gesinn. Eng helleg Klack haat hîre Wée an d’Kapell fonnt. Si stâmmt aus dem 19.Joerhonnert an gouf vun de Schwëstern vum Franziskaneruerden restauréire gelôss an dem Pater Henri Hamus vun der Katédrâl zu weider Zwecker iwerlôss. Esou kritt déi Klack elo hîr Platz an der Kapell un Glacis.

De Gottesdengscht huet dann och mat der Vîrstellung vun de Gäscht ugefaangen. Besonnesch begréisst huet de Paschtouer Patrick Muller d’Pâteren Bernard van Welzenes (aus Holland) an Kristaan (aus der Belsch) déi ëmmer nees de Wée op Lëtzebuerg fannen fir dës wichteg Mass ze zelébréieren. Si goufen heibäi vun dräi Massdënger ënnerstezt.

v.l.n.r: Pater Bernard, Paschtouer Patrick Muller, Paschtouer Henri Hamus  an den Pater Kristiaan.
v.l.n.r: Pater Bernard, Paschtouer Patrick Muller, Paschtouer Henri Hamus an den Pater Kristiaan.

Ee vun de Massdënger huet dun ee puer Zeilen aus dem Buch Jesaïa gelies, ee vun de wichtegen Prophéten, ëmmerhin hât hien zu sënger Zäit kond gedoen dat eng geweihte Persoun d’Muecht vu Gott kritt huet an a séngem Kinnikräich wäert wandelen wou Gerechtegkéet soll virherrschen. Riets wor vum Messias, déen an spéideren Texter vun de Chrëchten als Jesus ernimmt get.

Noom „Haleluja“ huet de Pater Bernard aus dem Evangélium vum Matthäus zitéiert. Fir d’musékalesch Begléedung vun der Mass wor iwregens kéen âneren wéi de Marc Quaring un d’Uergel zitéiert ginn. Säin „Ave Maria“ vum Schubert, mée natiirlech och all déi âner Wierker déi hien viirgedroen huet, sinn de Gl´ewegen duerch Muersch a Schank gângen.

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

Du wôr et um Paschtouer Hanri Hamus fir sech der Geméng ze stellen. Hien hât déi besonnesch Aufgab d’Klack ze weihen. Hien dunn och drops higewisen dat esou Klack Sënn mescht. Hire Rôle ass jo och déen d’Leit zum Gottesdéngscht ze ruffen. (Och wann zu fréieren Zäiten si als „Alarm“ esou am Mëttelalter beispillsweis wa Feier ausgebrach wor oder sech Briganden iwert d’Dierfer an an d’Stied hier gemach hunn NvdR)

An engem déiweren Sënn ass awer och festzehâlen dat d’Klack mat hîrem erkléngen kond déet dat Gott mat ons ass an d’Liewen verkënd. Mat der Weihe get dann och elo dës Klack an de Chouer vun de de Klacken op der ganzer Welt opgeholl. Nôm Gottesdengscht huet dann och all Patricipant emol dierfen d’Klack lauden

Den Organist Marc Quaring
Den Organist Marc Quaring

Nom Sanctus vu Lourdes wor et un der Zäit fir d’Gebiet vun de Forainen. Ee Gebiet dat traditiounsgemies dräisprocheg „tour-à-tour“ vun der Paschtéier virgedroen get. Am Uschloss gouf un all d’Forainen déi krankhéetsbedéngt net un dëser Schueberfouer konnten déelhuelen geduecht. Och den Verstuerwenen wor ée Kapitel gewidmet ginn, woubäi eng besonnesch Opmierksamkéet dem „Monni“ Willy zougeduscht wor.

An et ass wouer dat de Willy Bruch, Erbauer an ehemôlegen Besëtzer vum Rîserad op eiser Schueberfouer, ee ganz besonnege Personage wor. Hien huet mat vill Engagement a „Verstées de mech“ vermëttelt wann et emol ee „Mëssel“ tëscht dem engen oder âneren ginn huet. Hien hat awer och d’Hand um Häerz an d’Fèiss ferrem um Buedem. Do gouf dann Kloertext geschwaat an et ass him nôgelauschtert hinn. Säin Doud hennerléisst ee grousst Lach dat esou wouel net méi ze fëllen wäert sinn.

Et ass dann och verständlech dat him eng besonnesch Opmierksamkéet bei dësem Gottesdengscht zudéel gouf. De Steve Kayser huet dem „Monni“ Willy säi Gedicht iwert d’Forainen viirgedroen iert et zuer Kollekte koum. Eng Kollekte déi derzou sollt bäidroen d’Transportkäschten vun der Klack ôfzedecken. Wärend der Kollekte huet den Organist dem Mozart säin „Ave Verum“ gespillt.

No der Mass hun d'Participanten d'Klack dierfe laude. Den Optakt gouf vun de Schwesteren vun Franziskaner Uerden geméet.
No der Mass hun d’Participanten d’Klack dierfe laude. Den Optakt gouf vun de Schwesteren vun Franziskaner Uerden geméet.

Zum Ôfschloss ass dunn nach d’Kommioun zelebréiert ginn, gefollegt vum traditionellen lëtzebuerger Kierchelidd „Ô Mamm léif Mamm“. Duerno, no déems dann de Gottesdengscht en Enn fonnt hât, huet all Participant wéi angangs ernimmt dierfen ee mol d’Klack lauden. Eng alles an allem wiedeg Mass déi all de Participanten dierft laang an Erënnerung bleiwen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *