Handlungsbedarf bei de “Maisons Médicalen”

matgeeelt vun Patiente Vertriedung asbl

Maison Médicale”:

2008 sinn zu Lëtzebuerg “Maison Medicalen” agefouert ginn. Dësen ganz gudden an sënnvollen Service gouf agefouert fir d’Urgencen an de Spideeler ze entlaaschten. Dëst erlaabt den Patienten, Nuets an Weekends d’Méiglechkeet ze ginn fir een Generaliste ze gesinn.

Entstanen sin d’”Maison Médicalen” aus Verhandlungen eraus mat den Doktren, fier, dass Doktren konnten entbonnen gin vun hierer Präsenzpflicht no den Bürosstonnen.

Et muss een awer leider feststellen dass den System vun den “Maison Médicalen” nach ausbaufäheg ass. Esou fehlt et nach ëmmer un enger “Maison Médicale” am Osten vum Land. Déi war jo schonn emol am Gespréich. D’Patiente Vertriedung asbl huet och schonn virun dräi Joer gefuerdert dass den Osten endlech soll eng “Maison Médicale” kréien. Leider ass an dem Dossier nach näischt weider geschitt.

Bei den Ëffnungszäiten besteet awer och nach Handlungsbedarf. Déi meeschten Hausdokteren hunn hier Konsultatiounszaiten bis 6 Auer Owes. Falls een also een medezineschen Problem huet bei deem et géif duergoen fir en Generaliste, net awer een Spezialist ,ze konsultéieren, muss een entweder bis 8 Auer Owes waarden oder awer an den Service d’Urgence vum Déngscht goen. Fir d’Urgencen ze entlaaschten sollten d’”Maison Médicalen” schonn ab 6 Auer Owes hier Dieren opmaachen.

Een aneren Punkt bei den “Maison Médicalen” sinn d’”Maison médicale pédiatrique”. Am Moment gëtt et eng Ulaafstell an der Kannerklinik. Déi ass nawell gutt ugeholl ginn vun der Bevëlkerung an gëtt och gutt genotzt. Leider muss een awer feststellen dass et den Service nëmmen an der Stad gëtt. Fir vill Leit aus dem Norden ass dat ganz sécher net optimal wann se mat engem kranken Kand fir d’éischt mol mussen eng Stonn oder méi fueren fir bis an d’Stad ze kommen. Dofir géif et sech ubidden fir am Norden vum Land, an déi besteeënd “Maison Médicale” eng “Maison médicale pédiatrique” ze intégréiren.

Dofir fuerdert Patiente Vertriedung asbl Folgendes :

    • Eng “Maison Médicale” am Osten vum Land.
    • D’Ëffnungszäiten vun den “Maison Médicalen” upassen. Se sollen amplaz vun 8 Auer schonn um 6 Auer owes hier Dieren opmaachen.
    • Eng “Maison Médicale pédiatrique” am Norden vum Land, déi kann jo an déi existéierend “Maison Médicale” am Norden agebaut ginn.

Et ass essentiell dass et zu Lëtzebuerg flächendeckend een gudden Service am Gesondheetssecteur gëtt. Wann een krank ass, soll een net nach missen 1 Stonn mam Auto fueren ier een gehollef kritt, oder missen an d’Urgencen goen well d’ ”Maison Médicale” reischt um 8 Auer owes opmécht.

wieder Infoen: www.patientevertriedung.lu

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *