Keen “Biblebelt Pop” mée echten “Southern Rock”

vum Paolo Almeida

„Reskinned“

D’„Bad Sisters“ Rebecca and Megan Lovell brengen hiren zweeten Album op de Maart, an dat ass nawell ee „must have“ fir all Fan vun guddem Roots Rock’nRoll. Secherlech ass den Afloss vun Country, Folk an Blues kloer erauszelauschteren, trotzdem bleiwen ech bei menger klassifikatioun.

larkin poe cover
Exzellenten Roots Rock’n Roll aus Atlanta. Larkin Poe präesentéiert sech wuel exzentresch and deelweis schroff, dann awer och nees douss and afillsaam, mée verstoppt emmer nees iweraschend Elementer.

Et dierf een dann och op deser Plaatz kloer stellen dat „Reskinned“ eigentlech eng Erweiderung vun hirem Debut-Album „Kin“ aus dem Joer 2014 ass, deen sech emmerhin ennert den Top-Ten an den USA konnt behaapten. „Reskinned“ läit dann och folgerichteg op deem Niveau, just dat hei 5 nei Lidder bäikomm sinn. D’Rebecca gesäit dat esou: „Als Muséker, Sänger a Songwriter hu mier op der Tournee mat eisem éischten Album bei all Gig eppes neies geléiert. Mir haaten ee puer honnert Optrett, vu grousse Festivals bis kleng Radiostatioune wor alles derbäi.

read more